Wéi all Joer hu mir och dëst Joer eisen traditionellen Hierschtconcert. Déi éischt Partie vum Concert gëtt gespillt vun der Hollerecher Musek a fir déi zweet Partie si mir frou d’Harmonie Royale des Sapeurs Pompiers Athus bei eis begréissen ze kënnen. Kommt bis laanscht a loosst Iech bei waarme Kläng vun dem kale Wieder dobaussen oflenken.
Dat ganzt ass de 17. November um 17h am Centre Culturel zu Hollerech (34, rue Emile Lavandier – 1924 Luxembourg)