D’Harmonie

D’Harmonie Municipale Hollerich, Luxembourg-Gare, Cessange ass de lokalen Amateur Blosorchester vun de Stater Quartieren Hollerech, Gare an Zéisseng. De Veräin gouf 1904 gegrënnt an huet domat schonn eng laang Traditioun. D’Hollerecher Musek ass eng Platz wou Leit vu verschiddenen Alteren an Natiounen openeen treffen a wou jiddereen deen e Blosinstrument oder Perkussioun spillt ka gratis matmaachen. Fir Ufänger hu mir och de Jugendorchester “Muziki”.

De Jugendorchester Muziki

Säit der Saison 2005-2006 huet d’Hollerecher Musek en eegene Jugendorchester. Hei dierf jidderee matmaachen deen op mannst säit engem Joer e Blosinstrument oder Perkussioun spillt.