Der Musek bäitrieden

Nei Membere si bei eiser Musek ëmmer gewënscht an erhofft. Ob jonk oder al, Museker oder net, hei ass eng Plaz fir iech. Déi verschidde Méiglechkeete bei eis Member ze gi sinn hei opgelëscht:


Der Harmonie bäitrieden:

Mir sichen ëmmer no Musekante vun all Niveau an Alter. D’Prouwen sinn Donneschdes vun 20h00 – 22h00 an folgend Instrumenter kënne bei eis matspillen

Holzblosinstrumenter

  • Flütt
  • Klarinett
  • Saxophon
  • Fagott
  • Haut-Bois

Blechblosinstrumenter

  • Trompett
  • Bügel
  • Cor
  • Trombonn
  • Euphonium
  • Bass

Perkussioun

  • Batterie
  • Pauken
  • Clavier
  • An nach vill méi

Dem Jugendorchester bäitrieden:

Fir Kanner oder Jugendlecher déi scho méi wéi ee Joer hiert Instrument spillen hunn mir och en Jugendorchester. D’Prouwen sinn Donneschdes vun 19h30 – 20h00.
Hei kënnen déi nämmlecht Instrumenter wéi och an der Harmonie gespillt ginn.


Éieremember ginn:

Och wann ee keen Instrument spillt, kann een eis Musek natierlech ënnerstëtzen, dat entweder direkt mat engem Don oder andeems een eng Memberskaart keeft. Ween eng Memberskaart keeft bezilt eis all Joer 10€. Dofir kritt een dann eng Memberskaart geschéckt an ass domat offiziell Éieremember vun der Harmonie Municipale Hollerich, Luxembourg-Gare, Cessange.


Deel vum Comité ginn:

D’Hollerecher Musek huet och ee Comité deen zur Hallschent aus net-Museker besteet. Dat ass perfekt fir jiddereen deen aktiv eiser Musek well hëllefe bei der Organisatioun vun eise sëllegen Eventer.