Muziki – De Jugendorchester

Prouwen: All Donnëschden (ausser Schoulvakanzen)
19:30-20:00
Kontakt: harmoniehollerich@gmail.com
Déléguée des Jeunes:
– Catarina Pereira de Matos
– Michèle Duchscher
Adress: Centre des Sociétés; Hollerech 2ten Stack
36, rue Emile Lavandier
L-1924 Luxembourg
FAQ
Wéieng Instrumenter dierfe matspillen?
Holzblosinstrumenter: Flütt, Klarinett, Saxophon, Fagott, Haut-Bois
Blechblosinstrumenter: Trompett, Bügel, Trombonn, Cor, Euphonium, Bass
Perkussioun: Batterie, Pauken, Clavier etc.
Wéivill Concerte spillt de Jugendorchester?
De Jugendorchester spillt ëmmer ee Concert am November um Hierschtconcert, een am Dezember op eiser Chrëschtfeier, een am Mäerz op dem Hollerecher Galaconcert an een am Juli op der Place d‘Armes
Wéi kann ech matmaachen?
Wann een op mannst ee Joer säin Instrument spillt kann ee matmaachen.
Am Beschten schreift dir eis eng Email op harmoniehollerich@gmail.com fir sech unzemellen.
Wat heecht Muziki?
“Muziki” ass e Wuert aus der Weltsprooch Esperanto. Iwwersat heescht et “Musek maachen” oder “Musek spillen”. Esperanto ass eng Sproch déi erfonnt ginn ass mam Ziel eng Weltsprooch ze sinn, also eng Sprooch déi op der ganzer Welt geschwat a verstane gëtt. Well jo och ëmmer gesot gëtt dass Musek eng Sprooch ass déi op der ganzer Welt verstane gëtt hu mir eisem Jugendorchester am Mäerz 2025 offiziell dësen Numm ginn.

