Bastien Lorgé

De Bastien Lorgé ass säit September 2021 den Dirigent vun der Hollerecher Musek. Hien ass säit 2015 Member vun der Musek. Well hie vill Familljememberen huet déi virun him en Deel vun der Hollerecher Musek waren, huet hien eng enk a ganz besonnesch Bezéiung zur Musek. Sou ass hien zum Beispill de Fils vun eisem fréiere Chef an Corniste Jean-François Lorgé an eiser Musikantin Carole Kleer an och den Enkel vun eiser Musikantin Marie-France Kleer-Kirchen. En plus ass hien de Neveu a Pätterche vun eisem Éieren-Dirigent Roger Kirchen.

Well de Bastien Lorgé scho vu Kand un eng Passioun fir d’Musek huet, ass et ganz natierlech datt déi éischt Concerten déi hie lauschtere geet, Concerte vun der Hollerecher Musek sinn. Scho ganz jonk fänkt hie mat senger musikalescher Ausbildung an der Käerjenger Museksschoul mat Perkussiounscoursen un. Fir sech weider ze verbessere wiesselt hie spéider an de Conservatoire de la Ville de Luxembourg, ier hien säi Masterstudium am Conservatoire Royal de Liège an der Klass vum Geritt Nullens untrëtt. Wärend sengem Studium zu Léck huet hien d’Geleeënheet un den Direktiounscourse vum Patrick Baton deelzehuelen, zousätzlech dozou hëllt hien Deel un Master-Klassen ënnert der Leedung vum Alain Crepin. Des bestäerken hien doran och selwer den Dirigentebengel an de Grapp ze huelen an seng éischt eege Musek, nämlech d’Hollerecher Musek, ze dirigéieren. Tatsächlech ass d’Direktioun vun engem Orchester méi wéi nëmmen eng Passioun fir eise Chef!

Bastien Lorgé