Hämmelsmarsch Gare

Hämmelsmarsch Gare

When

June 8, 2024    
Ganztägig

Event Type

Den Hämmelsmarsch ass eng al lëtzebuergesch Traditioun bei där d’Musek duerch d’Duerf / de Quartier zitt an ënnerwee ëmmer rëm d’Lidd “Hämmelsmarsch” an d’Lidd “Kiermes am Duerf” spillt. Traditionell ass den Hämmelsmarsch da wann d’Kiermes am Quartier ass. Leider gëtt et a ville Stater Quartiere keng Kiermes méi, mee d’Musek zitt trotzdeem duerch d’Stroossen fir de Leit puer schéi Melodien ze spillen. Bei dëser Geleeënheet sammelt d’Musek och Sue vun de Leit aus dem Quartier. Mat dëse Sue ginn zum Beispill Partitiounen an nei Instrumenter fir Museksschüler kaaft. Den Hämmelsmarsch ass eng vun de wichtegsten Einnahmequellen vum Orchester an och ëmmer rëm eng lëschteg Sortie fir d’Musekanten.