Geschicht

D’Hollerecher Musek 1907

Timeline

Picture

1904

D’Hollerecher Musek gëtt als Fanfare de Hollerich am Bistro Regenwetter vun de Grënnungsväter Léon Brasseur (President vum Grënnungscomité), Michel Regenwetter (Grënner vun der Gesellschaft) a Victor Heintz (1. Vizepresident) gegrënnt.

1927

D’Hollerecher Musek kritt als éischt lëtzebuergesch Musek eng Uniform.

1933

Den Quartier Gare kennt zum Territoire vun der Hollerecher Musek dobäi an d’Fanfare de Hollerich gëtt ëmbenannt a Fanfare Municipale de Hollerich, Luxembourg-Gare.

1941

D’Hollerecher Musek muss hiere Fändel op Unuerdnung vum Stillhaltekommissar, ofginn.

1945

De Fändel vun der Hollerecher Musek gëtt gebuergen.

1946

D’Aktivitéiten an d’Prouwen fänken nom 2. Weltkrich rëm un.

1947

D’Hollerecher Musek kritt nei Uniformen nom Krich.

1954

Cinquantenaire vun der Hollerecher Musek. D’Fanfare Municipale Hollerich, Luxembourg-Gare gëtt ëmbenannt an Harmonie Municipale Hollerich, Luxembourg-Gare.

1963

D’Hollerecher Musek kritt vir d’drëtt nei Uniformen.

1966

Déi éischt Fraen ginn offiziell Deel vun der Hollerecher Musek.

1978

D’Hollerecher Musek plënnert an den neien Musekssall an der rue Emile Lavandier.

1981

D’Hollerecher Musek kritt vir d’Véiert, nei Uniformen.

1983

Den Quartier Zéisseng kennt zum Territoire vun der Hollerecher Musek dobäi an d‘Harmonie Municipale Hollerich, Luxembourg-Gare gëtt ëmbenannt an Harmonie Municipale Hollerich, Luxembourg-Gare, Cessange.

1986

D’Hollerecher Musek hellt un der Inauguratioun vun der Place de Paris, am Garer Quartier, deel.

1993

D’Strëpp vun der Hollerecher Musek gëtt gegrënnt.

2004

Centenaire vun der Hollerecher Musek.

2005

De Jugendorchester vun der Hollerecher Musek gëtt gegrënnt.

2010

Éischte Gala-Concert am Centre culturel zu Hollerech no enger Paus vun 10 Joer

2017

D’Hollerecher Musek hellt vir d’lescht un de Prozessioune vun de Kommuniounen deel, well an de Quartieren Hollerech, Gare an Zéisseng keng Kommunioune méi stattfannen.

2020

Am Mäerz ginn d’Prouwen an Concerten bis op Weideres, wéinst der Covid19-Pandemie agestallt.

2021

No méi wéi engem Joer Paus, fänken d’Prouwen rëm un.

2021

D’Hollerecher Musek hëllt un der Inauguratioun vun der neier Place de Paris deel.

Grënnungsmemberen

Presidenten

Léon Brasseur1904 – 1910
Paul Mongenast1910 – 1913
Albert-Louis Würth1913 – 1914
Michel Hentges1914 – 1915
Léopold Schmitz1915 – 1916
Nic. Weber1916 – 1920
André Feyen1920 – 1923
René Stoll1923 – 1930
Georges Schommer1930 – 1933
Dr. August Razen1933 – 1946
Paul Bohr1946 – 1948
Robert Gangler1948 – 1955
J.P. Wenner1955 – 1960
Dr. Alfred Betz1960 – 1976
Boy Konen1976 – 1996
Marc Lucius1996 – 2010
Simone Beissel2010 – 2024
Marc Sadeler2024
Anne Duchscher2024 –
D’Hollerecher Musek 2004 (Centenaire)

Dirigenten

Fr. Wigleb1904 – 1905
Fernand Mertens1905 – 1909
P. Gérard1909 – 1910
Greg. Trausch1910 – 1911
Alph. Wenner1911 – 1916
Nic. Weyrich1916 – 1919
Alph. Wenner1919 – 1921
Alph. Dehm1921 – 1939
René Thiry1939 – 1945
Norbert Bastian1945 – 1948
Jos. Ruppert1948 – 1972
Roger Kirchen1972 – 1990
Joël Wunsch1990 – 1991
Pierre-François Remience1991 – 1995
Jean-François Lorgé1995 – 2001
Samuel Godfrin2001 – 2008
Georges Sadeler 2008 – 2019
Dominique Goffinet2019 – 2021
Bastien Lorgé2021 –